Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Aktuelle Logo vum SCRIPT - Source : SCRIPT
Aktuelle Logo vum SCRIPT - Source: SCRIPT

5 min

Schafung vum „Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques“ (SCRIPT) (1993)

1993

Déi vill Reformen am nationale Bildungswiesen „doivent s’inscrire dans une structure cohérente, chargée d’adapter le système éducatif luxembourgeois aux mutations économiques, sociales et techniques du monde d’aujourd’hui“, sou de Legislateur am Ofschlossbericht vum Gesetzestext, deen 1993 zur Schafung vum „Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques“ (SCRIPT) féiert.

De SCRIPT, deen als Waff géint de schouleschen Echec an als Instrument fir d’Zesummenaarbecht am Beräich vun der Bildungsinnovatioun am Kontext vun entspriechenden europäesche Programmer bezeechent gëtt, soll d’Fuerschung an d’Innovatioun an de verschiddene pedagogesche Beräicher koordinéieren, „en assurant le lien et la cohérence entre les structures et organes actuellement existants“. D’Integratioun vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien an den Unterricht ass eng weider Aufgab vum SCRIPT, wéi och déi kontinuéierlech Evaluéierung vum Lëtzebuerger Bildungssystem.

„La création de cet organe a donc principalement comme objectif de compenser le manque de rigueur scientifique qui a trop souvent caractérisé par le passé la recherche et l’innovation dans notre pays“, liest een nach am Rapport vun der Commission de l’éducation nationale iwwer de Gesetzestext, deen de SCRIPT schaaft, a weider: „à l’avenir, lors de la réalisation des grands projets de réforme dans l’enseignement comportant la mise en place de nouvelles structures (par exemple: la redéfinition de l’enseignement complémentaire), il appartiendra au SCRIPT d’étudier la transposition pédagogique de ces options“.

 

Zitater aus der Chamberdebatt iwwer de Gesetzestext

M. Léon Bollendorff (CSV) :

Et gët awer och vill Wëllholz, wann ech mech däärf esou ausdrécken, un deem pedagogesche Bam. Et si munch Waasserschëtz do, an et gët och « Freelive » -Gedeessems. Wat an deem ganze Beräich vun der Recherche feelt, as een bessert Zesummespill, eng schaarf Selektioun vun deem wat néideg as, a manner néideg as.

Et gët geklot, d’Schoul géing forméiere laanscht d’Besoinë vun der Wierklechkeet a vun der Wirtschaft. Dofir gët hei versicht déi zwee Facteuren, d’Schoul an d’Wirtschaft méi no beienaner ze bréngen, se zesummen op déi richteg Linn ze setzen. De SCRIPT sicht do eng Parti Objektiver ze realiséieren. Dofir kann ee roueg soen, e wir eng Pièce maîtresse vun der heiteger Erzéiungspolitik.

Anne Brasseur (DP) :

Wann d’Missioun vum SCRIPT soll sin, fir d’Reforme vum Enseignement ze koordonnéieren dann hätt am Fong d’Kreatioun vum SCRIPT misse geschéien ier iwwerhaapt Reformen duerchgezu gi wiren.

Marc Zanussi (LSAP) :

De SCRIPT soll en Instrument gi vun der Koordinatioun, vun der pädagogesch-wëssenschaftlecher Aarbecht a vun der Direktioun, deen also eng Emprise op eise ganze Schoulsystem kann respektiv soll kréien.

André Hoffmann (KPL) :

Ech wëll warnen, wéi dat effektiv a verschiddenen Aviën zum Ausdrock komm as, och wann ech doraus nët eng negativ Konklusioun schléisse fir dat Ganzt, virun enger technokratesch bürokratescher Approche vun denen Aufgaben, déi hei gemengt sin, an dofir mengen ech och, dass unbedingt d’Enseignantën, déi um Terrain schaffen, mussen an déi Aarbecht hei matbezu gin, an datt et nët esou däärf sin, wéi et an der Vergaangenheet tatsächlech heiansdo war, dass se vun uewenerof beriselt gi mat Forschungsprojetën zu dene se keen Zougank haten oder mat Forschungsergebnisser, déi se mussen an d’Praxis ëmsetzen, ouni dass se un der Ausaarbechtung vun dene Projetë bedelegt waren.

Robert Garcia (GAP) :

Eng weider Remarque betrëfft d’Roll vum SCRIPT um Terrain vun de Schoule selwer. Ech hat virdru gesot, dass ech do Reminiszenzen hätt un de SIRP. Deen as an d’Schoul komm e bëssche wéi en Uf0, wou Marsmännercher erauskomm sin, déi engem da gesot hun, wéi ee Schoul hält, an da ware se erëm fir déi nächst 6 Méint fort.

Fernand Rau (ADR) :

Ech explizéiere mech ! De SCRIPT heescht nach just Service central de recherche de postes intéressants pour pédagogues, technocrates, protégés par le Parti clérical-social. 1Citations lors du débat en Chambre sur le projet de loi 3494, dans : Chambre des députés, Session ordinaire 1992-1993, séance du 8 juillet 1993 (78e séance).

Dokumenter

Parlamentareschen Dossier Nr. 3494 – Archive vun der Chamber

Gitt wgl. d’Nummer 3494 an d’Sichfeld „Par numéro de dossier parlementaire“ an, fir de ganzen Dossier kucken ze kënnen.

De fréieren Educatiounsminister Marc Fischbach iwwert d'Grënnung vum SCRIPT (Interview vum SCRIPT).