Iwwert Jore sichen
Grënnung vum Collège des Jésuites, Virleefer vum Athénée de Luxembourg (AL)
1603
Artikel Tags école secondaire
Am Oktober 1603 mécht de „Collège des Jésuites“ zu Lëtzebuerg seng Diere fir déi éischt 200 Schüler op. D’Jesuitten hate grouss Schwieregkeeten, sech an der Stad vum Duché de Luxembourg, deen zu de spueneschen Nidderlande gehéiert huet, unzesidelen. Éischt Initiative gouf et an den 80er-Jore vum 16. Joerhonnert. Dem Generalgouverneur Pierre Mansfeld no sollten den Afloss vum Katholizismus op déi lokal Bevëlkerung an och d’Kenntnisser vun der kathoulescher Léier verstäerkt ginn, fir d’Moral vun der Bevëlkerung ze hiewen an all Risk vun der Reformatioun entgéintzewierken. D’Ausbildung vun der Jugend sollt zu enger Prioritéit ginn. Der Initiativ gi vill Steng an de Wee geluecht, éier se 1603 déi éischt 200 Schüler kann empfänken. 1607 si scho 485 Schüler ageschriwwen, déi zu deem Zäitpunkt dann och an engem fuschneie Gebai ënnerbruecht sinn. D’Schoul bleift ënner deene verschiddenen Herrschafte bestoen a gëtt e puermol ëmorganiséiert, éier aus hir den „Athénée grand-ducal“ entsteet. Bei de Leit huet se hiren éischten Numm behalen: „de Kolléisch“.