Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Logo vun der CNEL

2 min

Grënnung vum Schülerkommitee an der „Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg“ (CNEL)

1997

An enger Gesellschaft, „basée sur le dialogue social, des structures de dialogue au sein de l’école s’avèrent indispensables“; d’Schoul muss de Schüler betruechten als „quelqu’un qui possède des droits et qui assume des devoirs“, sou heescht et an der Begrënnung vum Gesetz vun 1997 iwwer d’Schülerkommiteeën an de Lycéeën an d’Schafung vun engem nationale Schülerkommitee, deen aus dëse ville Kommiteeën ervirgeet.

D’Gesetz vum 27. August 1997 soll d’Gesetz vum 4. September 1990 iwwer d’Reform vum Enseignement secondaire technique an der berufflecher Weiderbildung ergänzen.

Per Gesetz gëtt et elo an all Lycée e Schülerkommitee, zu deem sengen Aufgaben et gehéiert, d’Schüler bei der Direktioun vum Lycée a bei de Proffen- an den Elterenassociatiounen ze vertrieden, d’Schüler iwwer Problemer am Zesummenhang mat hirem Studium ze informéieren, kulturell, sozial oder sportlech Aktivitéiten ze organiséieren a Proposen ze maachen, wat d’schoulescht Liewen an d’Aarbecht vun de Schüler betrëfft.

D’Gesetz schaaft och eng national Schülerkonferenz mat zwee Delegéierten (Member plus Suppleant) aus all Schülerkommitee. D’Nationalkonferenz vertrëtt d’Schüler beim Educatiounsminister, gëtt hiren Avis of zu Projeten, déi de Minister eragëtt, formuléiert Proposen, wat d’schoulescht Liewen an d’Aarbecht vun de Schüler betrëfft, a schaaft speziell Berodungskommissiounen. D’groussherzoglecht Reglement vum 12. Mäerz 1998 befaasst sech mat der Organisatioun vun der Nationaler Schülerkonferenz zu Lëtzebuerg.

Deen éischte Exekutivbureau vun der CNEL gëtt allerdéngs eréischt 2014 gebilt. De Fonctionnement vun der CNEL baséiert haut op dem groussherzogleche Reglement vum 2. Februar 2015 iwwer d’Organisatioun vun der Nationaler Schülerkonferenz.

D’Schülerkommiteeën hirersäits ginn am groussherzogleche Reglement vum 1. August 2001 gereegelt.

 

Dokumenter

Parlamentareschen Dossier Nr. 4274 – Archive vun der Chamber

Den éischte Règlement interne vun der nationaler Schülerkonferenz vum 25. Februar 2014 – Quell: CNEL