Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Source: MENEJ

2 min

Schafung vu spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentren

2018

Fir datt d’Schüler hir Fäegkeeten optimal kënnen entwéckelen, fir hiert Recht op Schoulbildung ze garantéieren an hir schoulesch Inklusioun ze stäerken, gi per Gesetz vum 20. Juli 2018 déi spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentre gegrënnt.

Vun deenen aacht Zentren, déi gegrënnt ginn, baséieren der fënnef op Strukturen, déi schonn do sinn: de Centre de Logopédie integréiert de Centre pour le développement des compétences langagières, auditives et communicatives, den Institut pour déficients visuels integréiert de Centre pour le développement des compétences relatives à la vue, den Institut pour infirmes moteurs cérébraux integréiert de Centre pour le développement moteur et global, d’Centres d’éducation différenciée integréieren de Centre pour le développement intellectuel an den Institut pour enfants autistiques et psychotiques integréiert de Centre pour le développement des enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme.

Nei gegrënnt ginn: de Centre pour le développement socio-émotionnel (fir Kanner a Jugendlecher mat Verhalensstéierungen), de Centre pour le développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (Dyslexie, Diskalkulie, Dyspraxie …) an de Centre du suivi des enfants et jeunes intellectuellement précoces (fir héichbegaabte Schüler oder Schüler mat héijem Potenzial). Eng Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA) gëtt och ageriicht.

Eng national Inklusiounskommissioun gëtt an d’Liewe geruff

Déi national Inklusiounskommissioun, déi duerch dat nämmlecht Gesetz ageféiert gëtt, ass zukünfteg d’Referenzautoritéit fir d’Personal aus deem Beräich, d’Institutiounen an d’Elteren. Si decidéiert, ob en Dossier fir eng spezialiséiert Diagnos un e Kompetenzzentrum weidergeleet gëtt, a proposéiert den Elteren da gëeegent Betreiungsmoossnamen.

De Gesetzestext gesäit och e Gremium vir, an deem d’Direkteren an déi stellvertriedend Direktere vun den Zentren, den Direkter an de stellvertriedenden Direkter vun der Agence pour la transition vers une vie autonome an e Vertrieder vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend vertruede sinn. De Gremium assuréiert d’Zesummenaarbecht an de reegelméissegen Austausch tëscht den eenzelen Zentren, der Agence an hire jeeweilege Mataarbechter a suergt fir d’Vernetzung vun den Zentren.

Dokumenter

Parlamentareschen Dossier Nr. 7181– Archive vun der Chamber

Filmextrait vum Debat an der Chamber iwwert de Projet de loi portant création de Centres de Compétences en psycho-pédagogie spécialisée en faveur de l'inclusion scolaire. Intervention du Ministre Claude Meisch - Archives de la Chambre des députés du Grand-Duché de Luxembourg.

Chamber Aktuell vum 22. Juni 2018 mat engem Reportage iwwert déi spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren - Archives de la Chambre des députés du Grand-Duché de Luxembourg

Extrait aus der Emissioun RTL, Journal vum 26. Juni 2018 iwwert déi spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren © RTL Télé Lëtzebuerg

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch iwwert d'Grënnung vun de spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentren (Interview vum SCRIPT)