Iwwert Jore sichen

2 min
Eng national Elterevertriedung gëtt an d’Liewe geruff
2018
Well et op nationalem Plang keng legal Basis fir eng richteg Partnerschaft vun den Eltere mam Bildungs- an Erzéiungswiese gëtt, gëtt per Gesetz vum 1. August 2018 eng national Elterevertriedung geschafen.
Der nationaler Elterevertriedung hiert Zil ass, d’Kultur vun der Zesummenaarbecht tëscht der Schoul an den Elteren ze stäerken, andeems eng demokratesch gewielte Vertriedung d’Roll vun engem Porte-parole vun den Elteren an engem Beroder fir den Educatiounsministère iwwerhëlt. Si kann Avisen zu Gesetzestexter oder pedagogesche Projeten areechen, Proposen zum schoulesche Liewen an zum Unterricht formuléieren oder sech am Allgemengen zu alle Froen äusseren, déi mat den Intressie vun den Elteren an de Schüler ze dinn hunn.
Déi zwielef Membere vun der éischter nationaler Elterevertriedung goufen den 8. Februar 2020 gewielt: véier fir d’Grondschoul, sechs fir den Enseignement secondaire an zwee fir déi spezialiséiert psychopedagogesch Kompetenzzentren. Fir d’Wal a Presenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend ware 70 sektoriell Vertrieder an de Forum Geesseknäppchen an d’Stad komm, dorënner 56 Kandidaten.
Als national Vertrieder goufe gewielt:
Fir d’Grondschoul:
· Mme Lindsay Kieffer
· M. Alain Massen (président)
· M. Ulrik Møller
· M. Edy Weber
Fir den Enseignement secondaire:
· Mme Sabrina Mazzi
· Mme Christiane Schaus
· Mme Sylvie Strasser
· Mme Sophie Bsarani
· M. Jorge De Sousa
· M. Fernand Welschbillig
Fir d’Kompetenzzentren:
· Mme Paula Da Cruz
· Mme Céline Simon
La création d’une représentation nationale des parents par la loi du 1er août 2018 représente une étape majeure et une perspective nouvelle dans la réalisation d’une École ouverte et participative.1Exposé des motifs vum Projet de loi portant création d’une représentation nationale des parents (…) n° 7154 .
Dokumenter
Parlamentareschen Dossier Nr. 7154 – Archive vun der Chamber
Filmextrait vum Debat zum Vote vum Projet de loi portant création d'une représentation nationale des parents - Archives de la Chambre des députés du Grand-Duché de Luxembourg
Rapport de la Commission de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse , Rapporteur: Baum Gilles
Intervenants lors du débat: Andrich-Duval Sylvie (CSV), Burton Tess (LSAP), Lorsché Josée (déi gréng), Kartheiser Fernand (ADR), Baum Marc (déi Lénk)
Prise de position du Gouvernement
Intervenant: Meisch Claude, Ministre du Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Vote et dispense du second vote
Vote à main levée sur une motion
Extrait aus der Emissioun RTL, Journal vum 30. Septembre 2019 iwwert déi zukünfteg National Elterevertriedung © RTL Télé Lëtzebuerg

Pressecommuniqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, a vun der Regierung
Video mat Erklärungen, realiséiert vum SCRIPT

Extrait aus der Emissioun RTL, Journal vum 8. Februar 2020 iwwert d'Wale iwwert d'Wale vun der éischter Nationaler Elterevertriedung © RTL Télé Lëtzebuerg

Den offizielle Site vun der Nationaler Elterevertriedung
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch iwwert d'Schafung vun der Nationaler Elterevertriedung (Interview vum SCRIPT)
