Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Éischte Logo vun der École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette - Source: EIDE
Éischte Logo vun der École internationale Differdange et Esch-sur-Alzette - Source: EIDE

2 min

Grënnung vun der éischter ëffentlecher internationaler Schoul, déi aktuell École internationale de Differdange et Esch-sur-Alzette (EIDE)

2016

Artikel Tags EIDE

Fir enger ëmmer méi grousser Demande fir international Klasse gerecht ze ginn, gëtt duerch d’Gesetz vum 26. Februar 2016 déi éischt ëffentlech international Schoul zu Lëtzebuerg gegrënnt. Si ass a Gebaier zu Déifferdeng an zu Esch ënnerbruecht.

Fir déi ëffentlech Schouloffer ze diversifizéieren, gëtt mam Gesetz vum 26. Februar 2016 zu Déifferdeng eng international Schoul amplaz vun engem traditionelle Lycée geschafen. De Bau vum Lycée ass u sech schonn am Juli 2007 opgrond vun den ëmmer méi héije Schülerzuelen am Süde vum Land beschloss ginn.

Am Géigesaz zu den Europaschoulen, déi et bis dato zu Lëtzebuerg scho gëtt, steet déi international Schoul jiddwer Schüler op. D’Ausbildung féiert zum europäesche BAC oder erméiglecht den Zougang zu enger internationaler Beruffsausbildung (déi dann an e puer Lycées techniques méiglech ass). Fir d’Administratioun, d’Finanzéierung an d’Personal ass eleng den Educatiounsministère zoustänneg, wärend d’Léierpläng, d’Wochestonnepläng an d’Zertifizéierunge vum Primär a Secondaire an den Europaschoule sech un d’Bestëmmunge vun den Europaschoulen halen.

D’École internationale à Differdange hëlt hire Betrib 2016 op a bitt dräi Bildungsstufen un: eng europäesch Grondschoul, en europäesche Secondaire an eng Voie préparatoire fir d’Europaschoul. Si fonctionéiert nom Prinzip vun enger unerkannter Europaschoul.

Dokumenter

Parlamentareschen Dossier Nr. 6814 – Archive vun der Chamber

Parlamentareschen Dossier Nr. 6818 – Archive vun der Chamber

Filmextrait iwwert den Debat an der Chamber iwwert de Projet de loi portant création d'une école internationale publique à Differdange. Archives de la Chambre des députés du Grand-Duché de Luxembourg.

  • Rapport  de la Commission de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
  • Rapporteur: Delles Lex
  • Discussions générale
  • Intervenants: Hansen Martine (CSV), Burton Tess (LSAP), Adam Claude (déi gréng), Kartheiser Fernand (ADR), Wagner David (déi Lénk)
  • Prise de position du gouvernement
  • Intervenant: Meisch Claude (Ministre du Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse), Hansen Martine (CSV), Wiseler Claude (CSV)
  • Vote sur l’ensemble du projet de loi et disponse du second vote

Extrait aus der Emissioun RTL, Journal vum 13. September 2016 iwwert den éischte Schouldag an der École internationale de Differdange © RTL

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch iwwert d'Grënnung vun den ëffentlechen internationale Schoulen (Interview vum SCRIPT)