Iwwert Jore sichen
3 min
Den Institut Pédagogique gëtt gegrënnt
1958
D’Ausbildung vun den zukünftege Schoulmeeschteren a Léierinnen iwwerhëlt vun 1960 un den Institut Pédagogique (IP), deen duerch d‘Gesetz vum 7. Juli 1958 gegrënnt gëtt.
Den Institut Pédagogique ass zoustänneg fir d’Ausbildung vun den zukünftege Schoulmeeschteren a Léierinnen. Zënter dem Schoulgesetz vum 26. Juli 1843 hat d’Normalschoul deen Optrag, mat enger separater Klass fir Fraen, déi Léierin wëlle ginn.
Och wann d’Normalschoul iwwer dat ganzt 19. an déi éischt Hallschent vum 20. Joerhonnert ëmmer erëm ugepasst ginn ass, ass de Besoin fir Reformen nom Krich nawell gewalteg. Eng Spezialkommissioun, déi den Optrag kritt, d’Ausbildung vum Léierpersonal fir d’Primärschoulen nei ze organiséieren, stellt beträchtlech Defiziter fest.
Kritiséiert gëtt virun allem dee jonken Alter vu 15 bis 16 Joer vun de Kandidaten zu engem Ament, „où le candidat n’en mesure guère la portée. A l’âge de 15 ans on sait rarement ce que l’on veut, ce que l’on devrait vouloir, on connaît mal ses aptitudes, ses moyens et possibilités et l’on ne devrait pas être obligé à se décider pour une carrière aussi spécifique, aussi délicate, aussi complexe que celle d’instituteur.“1Gesetzestext zur Ännerung vum Gesetz vum 10. August 1912 iwwer d’Organisatioun vum Primärschoulunterricht an d’Grënnung vum Institut pédagogique (479), an: Archives de la Chambre des députés / Archive vun der Chamber, J-1953-O-0011, S. 89. Ausserdeem gëtt bedauert, datt et keng Méiglechkeet gëtt, eréischt méi spéit an dës Karriär eranzeklammen, wat zu enger paradoxer Situatioun féiert: „Il y a, d’un côté, des bacheliers avides d’entrer à l’école normale, de l’autre des normaliens repentants désireux d’en sortir. Aucun changement n’est possible, puisque la formation de l’instituteur est à voie unique.“2Ibidem, S. 90.
Weider Kritikpunkte sinn d’Isoléierung vun de Kandidaten an der Normalschoul, hir Trennung vun der klassescher Kultur oder d’Koexistenz vun allgemenger a berufflecher Bildung. Wärend dës Punkte spéider deelweis zeréckgewise ginn, gëtt am Gesetzestext vun 1957 virun allem drop higewisen, datt an der Normalschoul déi literaresch a wëssenschaftlech Ausbildung an d’Beruffsausbildung vermëscht ginn.
D’Léisung, déi um Enn akzeptéiert gëtt, ass d’Grënnung vun engem pedagogeschen Institut. Aschreiwe ka sech jiddwereen, deen e Secondairesofschloss huet an tëscht 18 a 25 Joer al ass. Den zweejärege Stage mat souwuel enger theoreetescher Ausbildung wéi och praktesche Stagen an de Primärschoule soll mat engem „Brevet d’aptitude pédagogique“ ofschléissen (säkulariséiert Ausbildung).
Well d’Zuel vun de Kandidaten all Joer vum Educatiounsminister festgeluecht gëtt, kréien 1960, am éischten Ausbildungsjoer, 24 Kandidaten an 20 Kandidatinnen de Statut vum Stagiaire. Fir d’Ausbildung ginn d’Gebailechkeete vun de jeeweilegen Normalschoule genotzt, déi ausgedéngt hunn, spéider plënnert een an déi fréier Raimlechkeete vum Athenäum.
Dokumenter
Parlamentareschen Dossier Nr. 479 – Archive vun der Chamber
Gitt wgl. d’Nummer 479 an d’Sichfeld „Par numéro de dossier parlementaire“ an, fir de ganzen Dossier kucken ze kënnen.