12 Resultater fonnt
1 Wiel d’Tags
Den Nicolas Margue (1888–1976) gëtt Minister fir ëffentlech Bildung (Landwirtschaft, Kultus, Handel, Industrie an Handwierk)
De Robert Krieps (1922–1990) gëtt Educatiounsminister
De Pierre Grégoire (1907–1991) gëtt Minister fir Educatioun a Kultur
De Pierre Frieden (1892–1959) gëtt Minister fir ëffentlech Bildung
De Jean Dupong (1922–2007) gëtt Educatiounsminister
D’Erna Hennicot-Schoepges (geb. 1941) gëtt Ministerin fir Educatioun a Beruffsausbildung
De Marc Fischbach (geb. 1946) gëtt Educatiounsminister
D’Mady Delvaux-Stehres (geb. 1950) gëtt Ministerin fir Educatioun a berufflech Ausbildung
D’Anne Brasseur (geb. 1950) gëtt Ministerin fir Bildung, Beruffsausbildung a Sport
De Fernand Boden (geb. 1943) gëtt Educatiounsminister
De Claude Meisch (geb. 1971) gëtt Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a Minister fir Héichschoulbildung a Fuerschung
Dokumenter
Biografesch Nott zum Aline Mayrisch de Saint-Hubert (1874–1947)
D’Aline Mayrisch kënnt 1874 op d’Welt a stierft 1947 am franséische Baris. D’Meedche vun engem Holzhändler geet d’éischt am Pensionnat Sainte Sophie zu Lëtzebuerg, dunn zu Bonn an d’Schoul. D’Aline de Saint-Hubert bestit sech mam Émile Mayrisch, dem spéideren Direkter vun der ARBED. Nieft hiren Aktivitéiten a karitativen Associatiounen ass se vun 1905 un d’Presidentin vun der Association pour les intérêts de la femme, déi sech ënner anerem fir eng ëffentlech Schoul fir Meedercher asetzt. 1909 gëtt dëse Volet méi konkreet, wéi se eng Associatioun fir d’Schafung vun enger Schoul fir jonk Meedercher grënnt.
Tëscht den zwee Weltkricher hëlleft se hirem Mann, aus dem Kolpecher Schlass, dat hinne gehéiert, eng Plaz fir den däitsch-franséische kulturellen Austausch ze maachen. 1939 plënnert se an de Süde vu Frankräich, wou se 1947 stierft. Den 2001 gegrënnte Lycée Aline Mayrisch an der Stad dréit hiren Numm.
