Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Ale « Lycée des jeunes filles à Esch-sur-Alzette », 841.22 - Extrait des Archives de la Ville d’Esch-sur-Alzette.
Bannevue op de « Lycée des jeunes filles à Esch-Alzette » (warscheinlech Éischt Hallschent vum 20. Jh.) - Source: Photo-Spezialhaus Victor Ahlen, Esch-Alzette, 841.262, Extrait des Archives de la Ville d’Esch-sur-Alzette
Annonce zur Erëffnung vun der Schoul zu Esch, an: L'indépendance luxembourgeoise vum 14. September 1910

3 min

Zwee „Lycées de jeunes filles“ gi gegrënnt

1911

Artikel Tags LHCE LRSL

Op privat Initiativ vun der „Association pour l’Intérêt de la femme“, zu där ënner anerem de Procureur général a spéidere Staatsminister vun 1916–1917 Victor Thorn an d’Aline Mayrisch de Saint-Hubert gehéieren, geet am Oktober 1909 um Lampertsbierg eng privat École moyenne fir Meedercher op. Et gëtt zwou Sektiounen: eng École supérieure, ze vergläiche mat den ënneschte Klasse vun enger Industrieschoul, déi zum Passage-Exame féiert, an eng Section latine, déi nom Passage-Exame ka fortgesat ginn an déi zum Brevet d’institutrice féiert. D’Optioun vun enger kompletter Lycéesausbildung fir Meedercher gëtt virsiichteg an indirekt ugedeit.

Déi finanziell Situatioun vun der Schoul ass prekär an esou kënnt et op Initiativ vum Staatsrot an den dräi Sektioune vun der Chamber zu enger politescher Diskussioun iwwer e Subsid. Zur gläicher Zäit gëtt eng Consultatiounsprozedur iwwer d’Grënnung vun enger ëffentlecher Schoul ageleet. D’Meenunge vun de Gymnasë sinn eendeiteg: Et gëtt laang diskutéiert, mee d’Majoritéit an de Konferenze vun de Léierkräften ass fir eng Meederchersschoul. D’Direktere vun de Gymnasen dergéint sinn éischter zeréckhalend oder esouguer géint de Projet. Bei den Diskussioune geet et ëm d’Form an den Zweck vun enger École moyenne, den Notze vun enger klassescher Ausbildung fir jonk Meedercher an déi méiglech Konkurrenz fir d’Jongen.

No enger Debatt an der Chamber gëtt zu Esch-Uelzecht e Kommitee gegrënnt, dee sech fir e Meedercherslycée asetzt. De Lycée hëlt am Oktober 1910 de Betrib op, ee Joer no der École moyenne um Lampertsbierg.

An der Tëschenzäit huet den Generaldirekter Morgenast e Gesetzestext un de Staatsrot weidergereecht. Zur endgülteger Debatt an der Chamber kënnt et eréischt am Mäerz 1911. D’Gesetz, dat gestëmmt gëtt, gesäit zwee Meedercherslycéeën, een an der Stad an een zu Esch, vir. Esou ginn aus deenen zwou Privatschoulen ëffentlech Infrastrukturen.

D’Gesetz vum 17. Juni 1911 iwwer d’Organisatioun vum Enseignement moyen fir Meedercher erlaabt hinnen et, de Secondaire an enger ëffentlecher Schoul ze maachen. Den Unterricht ass awer net dee selwechte wéi dee fir d’Jongen. An den ënneschten dräi Klasse mat engem allgemengen Unterricht ginn et Bitz- an Haushaltungsstonnen. Am Géigesaz zu de Jongen hunn d’Meedercher och eréischt an den ieweschte Klasse Latäin, wat den Zougang zu enger Universitéit staark aschränkt (Art. 2).

Bréif vum Henri Ahnen un de Generaldirekter, an deem e Merci seet, datt en zum provisoreschen Direkter vum neie Lycée de jeunes filles an der Stad Lëtzebuerg ernannt gouf (16. Juli 1911).

Bréif vum Henri Ahnen un de Generaldirekter, an deem e Merci seet, datt en zum provisoreschen Direkter vum neie Lycée de jeunes filles an der Stad Lëtzebuerg ernannt gouf (16. Juli 1911) - Archives: ANLux IP-0594

Dokumenter

Biografesch Nott zum Aline Mayrisch de Saint-Hubert (1874–1947)

D’Aline Mayrisch kënnt 1874 op d’Welt a stierft 1947 am franséische Baris. D’Meedche vun engem Holzhändler geet d’éischt am Pensionnat Sainte Sophie zu Lëtzebuerg, dunn zu Bonn an d’Schoul. D’Aline de Saint-Hubert bestit sech mam Émile Mayrisch, dem spéideren Direkter vun der ARBED. Nieft hiren Aktivitéiten a karitativen Associatiounen ass se vun 1905 un d’Presidentin vun der Association pour les intérêts de la femme, déi sech ënner anerem fir eng ëffentlech Schoul fir Meedercher asetzt. 1909 gëtt dëse Volet méi konkreet, wéi se eng Associatioun fir d’Schafung vun enger Schoul fir jonk Meedercher grënnt.
Tëscht den zwee Weltkricher hëlleft se hirem Mann, aus dem Kolpecher Schlass, dat hinne gehéiert, eng Plaz fir den däitsch-franséische kulturellen Austausch ze maachen. 1939 plënnert se an de Süde vu Frankräich, wou se 1947 stierft. Den 2001 gegrënnte Lycée Aline Mayrisch an der Stad dréit hiren Numm.

Aline Mayrisch - Source: Fonds Aline Mayrisch, CNL L-37 ; III.6.1-83, Atelier Gebrüder Lützel, München, 1911