Iwwert Jore sichen
De Baron Félix de Blochausen (1834–1915) gëtt Generaldirekter fir den Interieur
1867
Artikel Tags biographie directeur général
De Félix Baron de Blochausen kënnt de 5. Mäerz 1834 op Schlass Biertreng bei Schieren op d’Welt. Den Affekot gëtt 1860 fir d’éischt an d’Chamber gewielt. Vun Dezember 1866 bis Dezember 1867 ass e Generaldirekter fir den Interieur an der Regierung Tornaco. 1869 gëtt en erëmgewielt an ass vun 1872 bis 1873 Chamberspresident, éier e vun 1874 bis 1885 den Nofollger vum Emmanuel Servais un der Spëtzt vun der Regierung gëtt. Seng Regierung féiert d’Schoulflicht fir Kanner vu 6 bis 12 Joer an („Loi Kirpach“).