Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Portrait vum Anne Brasseur - Source: SIP - (DL_131063)

D’Anne Brasseur (geb. 1950) gëtt Ministerin fir Bildung, Beruffsausbildung a Sport

1999

Artikel Tags biographie ministre

D’Anne Brasseur, gebuer den 19. Mee 1950, studéiert Psychologie zu Mannheim an Tübingen a schafft an enger éischter Zäit beim Service de Psychologie et d’Orientation scolaires am Jongelycée zu Esch-Uelzecht. 1976 gëtt se Direktesch vum Service central d’Assistance sociale vum Parquet an der Stad. Zu dësem Zäitpunkt ass se schonn am Stater Gemengerot. 1979 kënnt se fir d’DP an d’Chamber, gëtt duerno bei de Chamberwalen ëmmer erëmgewielt a schliisslech 1999 an der CSV/DP-Regierung Ministesch fir Bildung, Beruffsausbildung a Sport. Wärend hirem Mandat hëlt Lëtzebuerg eng éischt Kéier un der Pisa-Studie deel. E weideren Héichpunkt vun hirer Karriär ass d’Presidentschaft vun der Assemblée parlementaire vum Europarot vun 2014 bis 2016. Am Januar 2018 verléisst se déi politesch Bün a verzicht op hiert Mandat als Deputéiert zugonschte vum Frank Colabianchi.