Iwwert Jore sichen Iwwert Tags sichen

Iwwert Jore sichen

Portrait vum André Bauler - Source : SIP, Yves Kortum - (DL_181815)

Den André Bauler (geb. 1964) gëtt Staatssekretär fir Bildung, Kanner a Jugend

2013

Artikel Tags biographie secrétaire d'État

Den André Bauler kënnt de 5. Februar 1964 zu Ettelbréck op d’Welt, geet zu Dikrech an de Lycée classique a studéiert um Centre universitaire de Luxembourg an der Université catholique de Louvain, wou en 1987 seng Licence en sciences économiques mécht. Vun 1990 bis 2009 ass e Proff fir Ekonomie. 2005 gëtt e fir d’DP, bei där en zënter 1993 Member ass, an de Gemengerot zu Ierpeldeng-Sauer gewielt, gëtt 2007 Schäffen an ass vun 2011 bis 2013 Buergermeeschter. Den André Bauler gëtt bei de Walen 2009 an 2013 fir den Norden an d’Chamber gewielt an 2013 zum Staatssekretär fir Bildung, Kanner a Jugend a Staatssekretär fir Héichschoulwiesen a Fuerschung ernannt. Dës Mandater muss en am Mäerz 2014 aus gesondheetleche Grënn opginn. Bei de Chamberwalen am Oktober 2018 an 2023 gëtt den André Bauler als Deputéierten erëmgewielt.