Iwwert Jore sichen
De François-Xavier Wurth-Paquet (1801–1885) gëtt Administrateur général fir den Interieur
1857
Artikel Tags administrateur général biographie
De François-Xavier Wurth-Paquet gëtt de 16. Abrëll 1801 zu Lëtzebuerg gebuer, e studéiert Droit zu Léck a léisst sech als Affekot zu Lëtzebuerg néier, éier e Riichter, Procureur an 1848 President vum Ieweschte Geriichtshaff gëtt. 1845–1848 ass de Wurth-Paquet Member vun der Ständeversammlung fir de Kanton Esch-sur-Alzette. 1853 refuséiert en den Optrag, eng nei Regierung ze bilden, gëtt awer an der Regierung Simons vun 1853 bis 1858 Administrateur général fir d’Justiz a spéider Administrateur général fir den Interieur. Ënner dëser Regierung gëtt d’Gesetz vun 1857 fir d’Grënnung vun enger Akerbauschoul ausgeschafft.