D’Schoulgesetz vun 1912 markéiert d’Bildungswiesen en halleft Joerhonnert laang
1912
E BLÉCK OP D’ENTWÉCKLUNG VUM BILDUNGSWIESEN ZU LËTZEBUERG: EN EVOLUTIONÄREN A PARTIZIPATIVE PROJET
Obwuel et an eise Géigenden zënter Joerhonnerte Schoule gëtt, hunn eréischt an deene leschte ronn 150 Joer ëmmer méi grouss Deeler vun der Bevëlkerung e strukturéierten Zougang zur Bildung kritt. Haut verbréngen déi Jonk vill Zäit vun hirem Liewen an de Klassesäll an esou muenche Liewenswee gouf hei virgezeechent. Generatioune vu Léierpersounen hunn no de beschte Weeër gesicht, fir Wëssen a Kompetenzen ze vermëttelen u Schüler a Schülerinnen an enger Gesellschaft, déi sech stänneg verännert.
1912
2018
1848
D’Léierpläng sinn ëmmer erëm dësem Wandel, den Ufuerderunge vun der Beruffswelt, déi dauernd änneren, den neie wëssenschaftlechen Erkenntnesser an den neien Unterrichtsmethoden a Léiermëttel ugepasst ginn. All dës Entwécklungen hunn zu enger ganzer Rei vu Reformen an der Bildungspolitik geféiert, vun deenen der vill leidenschaftlech a spannend Debatten ausgeléist hunn. Iwwer déi eng oder aner gouf nach no Joerzéngten Tënt vergoss.
Et zweiwelt kaum een dorunner, datt d’Bildung – op där d’Zukunft opbaut, wann een et esou soe kann – eng wichteg Plaz an eiser Gesellschaft huet an e Spigelbild vu genee där Gesellschaft ass. Aus dësem Grond wëll de SCRIPT e Bléck op d’Geschicht vum Bildungswiese geheien, ugefaange mat de groussen Etappe vu senger Entwécklung, d. h. virun allem de Reformen an den Evenementer, déi d’Bildungswiesen entscheedend gepräägt hunn.
D’Lycéeën am Land
Hei ginn déi aktuell privat an ëffentlech Schoule vum Secondaire zesummegefaasst.
Mir hunn eis op d’Ufäng vun de Schoule beschränkt, déi esou verschidde sinn ewéi d’Schoule selwer. Si sinn aus deenen ënnerschiddlechsten Initiativen entstanen, hunn iwwer d’Joren heiansdo méi wéi eng Verännerung matgemaach an esou hir eegen Identitéit entwéckelt.
Dës Rubrik ass och dozou geduecht, datt d’Schoule selwer sollen aktiv bei der Online-Säit matmaachen. Verschidde Schoulen hu Punkte festgeluecht, déi sollen ervirgehuewe ginn, anerer kommen an den nächste Méint no.
Kuckt Iech d'Schoulbicher an d’Plakate vun der Educatioun un
D’Schoulbicher sinn nach ëmmer elementar Instrumenter am Unterricht. Am Laf vun de Jore goufen déi ënnerschiddlechst Schoulbicher an de Klassesäll benotzt. Un dëse Bicher erkennt ee gutt d’Verännerungen am Bildungswiesen, z. B. um Niveau vun de Léiermethoden, Unterrichtsfächer oder Inhalter. Hei fannt Der eng net vollstänneg Sammlung vu Schoulbicher, déi awer dauernd erweidert gëtt. D’Auswiel berout op subjektive Krittären. Dir kënnt net nëmmen den Aband kucken, mee och e Bléck an d’Buch selwer werfen.
Den Educatiounsministère ass ganz aktiv, wann et ëm Affichë a Broschüre geet, déi d’Kanner aus dem Primär an dem Secondaire sollen informéieren, instruéieren oder motivéieren. Versetzt Iech nach eemol an d’Welt vun de Schüler a bliedert an eiser Sammlung vu Plakater a Broschüren, déi an den nächste Wochen nach wäert weider wuessen.
1620 #Allemand
Wat denken d’Ministeren?
An dëser Rubrik fannt Dir Interviewe mat eise fréieren Educatiounsministeren. Mat wéi engen Erausfuerderunge ware si wärend hirem Mandat konfrontéiert? U wéi enge groussen Dossieren hu si geschafft? Wéi beurteele si hiert Mandat? Gitt all dat gewuer an dëser Sammlung vun onverëffentlechten Aussoe vun eise fréiere Ministeren, déi speziell fir dat grousst Klassebuch zesummegestallt gouf.
An zwar duerch weider Recherchen, awer virun allem och duerch Dokumenter an Aussoe vun Acteuren aus dem Bildungssystem souwéi vun all deenen, déi sech fir dat Theema interesséieren, dat eis am Endeffekt all eppes ugeet – jiddwereen huet schliisslech Erënnerungen u seng Schoulzäit, déi e mat aneren deele kann.
Duerfir invitéiere mir Iech, fir beim grousse Klassebuch matzemaachen an et mat eis zesummen ze komplettéieren. Hutt Dir Dokumenter, déi am Kader vun dësem Projet fir eis interessant kéinte sinn? Da kontaktéiert eis iwwer de Formulaire op dësem Website.
Mir soen Iech elo scho Merci fir d’Matmaachen.
D’Ekipp vum grousse Klassebuch